pattern

Welcome beim HBK Béiergaart 2022 (14. bis 17. Juli 2022)

4 Deeg Spaass fir d’ganz Famill

zu Käerjeng beim alen Tennis

pattern

HBK Béiergaart 2022

Live Musek a leckert Iessen

5. Editioun vum HBK Béiergaart (14. bis 17. Juli)
dëst Joer um Site vun den alen Tennisterrainen vu Käerjeng (rue du Bois)

pattern

Entdeckt eis Menüen

an Zesummenarbécht mat Meyer Salaisons vu Käerjeng

pattern

Programm Béiergaart 2022

kommt bis bei eis, fir Stëmmung ass gesuergt

Béiergaart goes Local

Ëmmer méi Leit denken ëm a wëlle wëssen, wou hier Iesswueren hier kommen. An dofir huet de BÉIERGAART decidéiert, quasi ausschliisslech mat lëtzebuerger a regionale Produiten ze schaffen.

7 Grënn fir regional Produiten :

  • Ëmweltschounend, well d’Transportweeër kuerz sinn. Dat bréngt manner Verkéier op eise Stroossen an eng besser Ökobilanz mat sech
  • Bessere Geschmaach, well d’Produite voll ausräifen a wuessen an esou direkt no der Recolte oder dem Schluechte frësch verkaf kënne ginn
  • Gesond a vitaminräich, wéinst der voller Räif, manner Pestiziden a Schuedstoffer
  • Qualitéit a Kontroll, duerch de Kontakt tëschent dem Produzent an dem Verbraucher
  • Gënschteg, duerch déi kuerz Transportweeër an Ewechfale vun Importtaxen
  • Regionalitéit schafft Identitéit, well een net an en anonymt Produkt vum aneren Enn vun der Welt bäisst, mee an e Produkt direkt vum „Noper“
  • Stäerkung vun der regionale Wirtschaft, Erhalen a schafe vun Aarbechtsplazen
pattern

Bliedert an eiser Béiergaart Broschüre

& ënnerstëtzt eis lokal Produzenten an Annonceuren